ASTM-Etüd iwwer MënscherechterStaatlech a parastaatlech Entreprisë ginn net mam gudde Beispill vir

Monica Camposeo
Et feelt u Bewosstsinn an Interessi fir d'Mënscherechter. Dat stellt d'Action Solidarité Tiers Monde an enger Etüd fest.

ASTM-Etüd iwwer Mënscherechter bei Entreprisen / Reportage Monica Camposeo

An dëser Etüd, an där 27 staatlech a parastaatlech Entreprisen ënnersicht goufen, gouf analyséiert, wéi dës Firmaen, bei deenen de Staat gréissten Aktionär ass, iwwert hiren Engagement an d’Ëmsetzung fir d’Anhale vun de Mënscherechter kommunizéieren. Vu 27 Entreprisë kruten der 18 mol net ee Punkt.

Keng vun den Entreprisen, déi ënnersicht goufen, krut eng Genügend. Dass 18 Firmaen, dorënner d’Spuerkeess, LuxTram oder den Zukunftsfong 0 Punkte kruten, wier einfach ze erklären, esou d’Nadine Haas.

“Dat läit ganz einfach dorun, dass si absolut keen eenzegt Dokument publizéiert hunn, wou si och nëmmen iwwer Mënscherechter schwätzen.”

D’Nadine Haas këmmert sech bei der ASTM ëm d’Recherche a betount, dass an der Etüd keng praktesch Fallbeispiller gekuckt goufen, mä wéi d’Entreprisen iwwert hiren Engagement fir d’Mënscherechter kommunizéieren. Dass d’Resultater esou negativ ausfalen, géing weisen, dass d’Bewosstsinn fir d’Thematik feelt. Ëffentlech dorop opmierksam maachen, dass sech d’Firma der Wichtegkeet bewosst ass a virun allem och eng Strategie virgesinn, wéi een ëmgeet falls Mënscherechter verletzt ginn, wier wichteg, fir dës Rechter och tatsächlech ze respektéieren.

Éischt Schrëtt, mä keng richteg Strategie

Déi meeschte Punkte krut en Investmentfong, de Forestry and Climate Change Fund. Ma awer kënnt de Spëtzereider just op bal 42%. Op zweeter Plaz steet Cargolux mat knapp 23%. D’Nadine Haas vun der ASTM erkläert, dass d’Cargolux zum Beispill verschidde Produite wéi Diamanten, Coltan oder Elfenbein net transportéiert, well bei dëse Produiten de Risk ze grouss ass, dass d’Mënschrechter net agehale goufen. Dat wier en éischte Schrëtt, mä nach keng global Strategie, déi allgemeng déi ganz Liwwerketten iwwerpréift, esou d’Nadine Haas.

Besonnesch wichteg, fir d’Grondprinzippien ze erfëllen, déi vun de Vereenten Natiounen 2011 scho festgehale goufen, ass d’Méiglechkeet fir e Recours. Am Fall vu Mënscherechtsverletzunge missten et kloer Prozedure ginn, fir dat opzeschaffen, esou d’Nadine Haas. D’Etüd géing ganz kloer weisen, dass et mat der Fräiwëllegkeet net duergeet. Vill méi missten d’Grondprinzippien a Gesetzer verankert ginn. Virun allem well d’Regierung am Aktiounsplang fir 2020 bis 2022 mam gudde Beispill wollt virgoen, wier et net ze verstoen, dass déi ënnersichten Entreprisen esou schlecht ofschneiden. Ëmmerhin handelt et sech ëm Firmaen, déi ëffentlech sinn, respektiv bei deenen de Staat e groussen Afloss huet.

D’Detailer a weider Informatiounen zu der Etüd fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO