
De Familljeministère geet den Ament dovunner aus, datt déi staatlech Ënnerstëtzung vum Staat vun den Alters- a Fleegeheemer hiren Energierechnungen no 8 Milliounen kaschte wäert.
An der Tripartite war decidéiert ginn, datt de Staat vum 1. Oktober un an nach bis Enn d’nächst Joer sech finanziell un den Energiefraise vun de CIPAen, Fleegeheemer, Dagesfoyeren an encadréierte Logementer bedeelegt. Als Conter-Partie engagéiere sech d’Strukturen, d’Tariffer fir d’Awunner net ze héijen, mat Ausnam vum Index.
De Familljeministère ka sech eegenen Aussoen no fir den Ament nach net op méi eng detailléiert Finanzenveloppe festleeën, well ee weder wéisst, wéi héich de Verbrauch bis elo war, nach wéi d’Energiepräisser sech entwéckelen.