
En Dënschdeg ass der Police eng Persoun gemellt ginn, déi am Nomëtteg an der Stater Groussgaass an engem Buttek zwee Kleedungsstécker geklaut hat an duerno geflücht war. Eng Patrull konnt de presuméierten Täter wéineg spéider opgräifen an eent vun de Kleedungsstécker sécherstellen. Deen aneren Artikel hat de Mann scho verkaaft. D'Police huet e Protokoll geschriwwen, donieft war d'Persoun bei der Direction de l'immigration gemellt.
Wéineg méi spéit hat zu Bartreng op der Lonkecher Strooss an engem Akafszentrum eng weider Persoun puer Artikele geklaut a war mat hirem Auto geflücht. No enger Sichaktioun vun der Police konnt de Verdächtege gestoppt ginn. Bei der Kontroll vum Gefier sollten nach weider geklauten Objeten opdauchen. Donieft ass e presuméierte Kompliz identifizéiert an op Uerder vum Parquet e Protokoll erstallt ginn.
Géint 17:30 Auer hat an der Stater Avenue de la Gare e Mann probéiert, an engem Geschäft e Puer Schong ze klauen. E Mann vun der Security konnt den Täter awer drun hënneren, dee wéineg méi spéit vun der Police ugetraff a protokolléiert gouf.
Zu Räichel ass am Laf vum Dënschdegnomëtteg an en Eefamilljenhaus agebrach ginn. Dobäi si Bijouen an e Portmonni geklaut ginn.
E Mëttwoch de Moie fréi war et an der Groussgaass zu Clierf en Abroch an e Lokal, bei deem ënnert anerem d'Kees, en Handy, Alkohol an e Portmonni geklaut gi sinn.
Um Houwald ass en Dënschdeg den Owend an der Rue Peternelchen d'Fënster vun engem Auto ageschloe ginn. Bannendran ass alles duerchwullt an um Enn e Portmonni geklaut ginn.
Um fréie Mëttwochmoien ass zu Klengbetten an der Rue de Sterpenich an e Camion agebrach ginn. Den oder d'Täter hunn Aarbechtsmaschinne geklaut. A béide Fäll lafen d'Ermëttlungen.