Anti-Littering-CampagneStad Lëtzebuerg: Offall miniméieren a manner Knascht op de Buedem geheien

RTL Lëtzebuerg
U sech misst et jo selbstverständlech sinn, datt de Knascht an eng Poubelle kënnt.
© Danielle Goergen

Ma d' Stater Gemeng mierkt awer, datt nach ëmmer vill laanscht gehäit gëtt. Virun allem Zigarettestëmp a Knätsch sinn ee grousse Problem. Zanter 120 Joer kuckt de Service Hygiène vun der Gemeng, datt d'Stad propper bleift. D'lescht Joer war schonn d'Anti-Littering-Campagne lancéiert ginn, déi gëtt elo weider verlängert.

Anti-Littering-Campagne/Reportage Danielle Goergen

Virun 120 Joer huet et nach geheescht: "Ech schaffen um Haff". Just war dat net beim Grand-Duc, mee um Piffhaff. D'Aarbecht war 1899 awer eng aner wéi haut. Deemools huet et geheescht, d'Piff-Latrinnen eidel maachen an déi Doudeg transportéieren. Iwwert ee Joerhonnert méi spéit ass dat natierlech net méi esou, mee de Service Hygiène ass awer ëmmer nach ee vun deene gréissten a wichtegste Pilieren an der Stad, esou d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

"Mir wëlle jo alleguerten eng propper Stad och fir eis Kanner an dat heescht och eng ëmweltbewosst Stad. Do huet d'Stad Lëtzebuerg wierklech Pionéieraarbecht gemaach. Mir waren déi éischt, déi ee Centre de Recyclage gemaach hunn an awer virun allem hu mir eng grouss Aarbecht gemaach iwwer d'Joren, fir d'Leit dozou ze bréngen, manner Offall ze produzéieren."

Vun August bis Enn September kënnt dofir eng kleng Expo mat ale Fotoe vum Service Hygiène op de Knuedler stoen. D'Leit, déi nach al Fotoen oder Objeten aus de leschten 120 Joer doheem hunn, kënne sech bei der Stater Gemeng mellen. Nach ëmmer gëtt vill ze vill Knascht op de Buedem gehäit. Mat witzege Poubellen a Panneaue sollen d'Leit dofir nach méi sensibiliséiert ginn. De Chef de Service Marc Weber erkläert: "Do hu mir effektiv e puer Poubellë mat Pechbiller versinn, wou dann drop steet "Gëff mir ze Iessen, ech sinn hongereg". Do ass de But, deen dohannert stécht, datt d'Leit doriwwer schwätzen. Da gëtt et och nach Äschebecheren, dat sinn dann déi Voting-Bins. Do ass dann eng Fro mat zwee Aworf-Lächer am Fong, wou d'Leit da kënne mat "Jo" oder "Nee" (oder soss) drop äntweren."

D'lescht Joer goufen iwwer de méi spilleresche Wee eng dausenden Zigarette Stëmp agesammelt. Eng 2.000 Poubellen an der Stad hunn och een Äschebecher mat dran, esou datt et u sech kee Grond géif ginn, fir d'Zigaretten op de Buedem ze geheien, esou nach de Marc Weber.

PDF: Communiqueé vum Service Hygiène

Back to Top
CIM LOGO