"D'Ekippen zesummenhalen"Start vun der neier Direktioun am Chem

Frank Goetz
D'Ekippen zesummenhalen, dat nennt de René Metz, den neie Generaldirekter vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch, dee gréissten Challenge.
Start vun der neier Direktioun am Chem
D'Ekippen zesummenhalen - dat nennt de René Metz, den neie Generaldirekter vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch, dee gréissten Challenge.

Hie war en Donneschden den Owend Invité am Journal op der Tëlee, nodeems déi nei Direktioun vum Chem virgestallt gouf.

D'lescht Joer hat sech no engem Audit confirméiert, datt et Dysfonctionnementer a latent Konflikter an den Ekippe géif. En Aktiounsplang soll dat an Zukunft verhënneren a fir méi Wuelbefanne bei deenen 2.000 Leit suergen, déi op de Sitten Esch, Diddeleng an Nidderkuer schaffen.

De René Metz: "Ech mengen dat do ass e ganz wichtegen Dossier, do si scho relativ vill Mesurë geholl ginn. Mir sinn eis absolut bewosst, datt do Saache geschitt sinn, déi mer net wëllen, datt se sech widderhuelen. Mä ech hunn d'Gefill, dat wat ech bis elo gesinn am Haus, datt do Saache kloer geännert sinn a fir mech perséinlech ass dat eng absolut Prioritéit. Ech mengen et kann een d'Patienten nëmme gutt behandelen, wann ee selwer gutt ënnertenee kommunizéiert, een deen anere respektéiert a wann een och Vertrauen huet. Ouni Vertraue kënnt och net dat beim Patient un, wat een him eigentlech kéint ginn."

De René Metz sot et géifen den Ament Diskussioune beim Personal iwwert de Coronavaccin ginn. Bis elo wiere manner wéi zwee Drëttel vun de Leit geimpft. Dat hätt eppes domadder ze dinn, datt méi en héije Prozentsaz vun de Leit, déi am Chem schaffen aus Frankräich géif kommen, e Land wou d'Skepsis vis-à-vis vun der Impfung relativ grouss wier. Et hätt een intern Campagnë gemaach, fir d'Leit z'iwwerzeegen, mä forcéiere kéint een natierlech keen.

D'Hygiènesmesurë géifen dogéint strikt respektéiert ginn.

Wat d'Südspidol betrëfft, wollt den neie Generaldirekter sech nach e bëssen zeréckhalen an huet ugekënnegt, datt et an zwee bis dräi Méint eng Pressekonferenz géif, wou een da méi am Detail géif kommunizéieren.

De René Metz gëtt vun zwee medezineschen Direkteren ënnerstëtzt, dat sinn de Chirurg Romain Schockmel an den Internist Serge Meyer. De Centre Hospitalier Emile Mayrisch këmmert sech ëm ronn 100.000 Patienten d'Joer.

PDF: Chem

Back to Top
CIM LOGO