Invest a Bau ass erofgaangenStatec presentéiert e schwaarzt Bild vun der Situatioun um Bau

RTL Lëtzebuerg
D'Moral wier am Keller, d'Vertrauen op engem Déifpunkt an d'Aktivitéit hëlt of.
© AFP

Den Emploi am Secteur wier op e Joer gekuckt ëm 2,7% erofgaangen. D’Zuel vun de Leit, déi am Bau eng Aarbecht sichen, ass op 45 Prozent geklommen.

Schold wier d’Hausse vun den Zënsen, doduercher gëtt manner verkaaft also och manner gebaut.

Den Investissement an de Bau wier hei am Land souguer nach méi staark erofgaangen, wéi soss an der Eurozon.

PDF: D'Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO