Och mat praktescher Hëllef beim AschreiwenStater Lénk starten eng eege Campagne a Saachen Auslännerwalrecht

Monique Kater
Vun de 70 Prozent Auslänner an der Stad hätte sech bis elo just 7 Prozent vun de Walberechtegten agedroen.
Stater Lénk
Vun de 70% Auslänner an der Stad hätte sech bis elo just 7% vun de Walberechtegten agedroen.

Dat geet net duer, fannen déi Stater Lénk a starten dowéinst eng eege Campagne a Saachen Auslännerwalrecht.

Mam Slogan “Faisons-nous entendre. En allant voter!” ginn déi Stater Lénk a Saachen Auslännerwalrecht an d’Offensiv. Vu e Samschdeg u begéint ee si an der Strooss, wou si de Nët-Lëtzebuerger Residenten net just Flyeren a véier Sproochen an de Grapp wäerten drécken, mee et kréich een och praktesch Hëllef beim Aschreiwen op d’Wieler-Lëschten.

Bei 70 Prozent auslännesche Residenten hätte just 7 Prozent vun de Walbrechtegten sech bis elo agedroen, wat géing weisen, dass d’Efforten vun de politesche Responsablen um Knuedler net duer géingen, fannen déi Lénk.

PDF: Flyer déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO