Ministesch fir Digitaliséierung, Recherche an HéichschoulenStéphanie Obertin: Eng Iwwerraschung an der neier Regierung

RTL Lëtzebuerg
Et ass ee vun den Nimm, déi fir eng Iwwerraschung an der neier Regierung gesuergt huet.
Am Portrait: Déi nei Ministesch Stéphanie Obertin
Déi geléiert Doktesch ass fir déi nächst fënnef Joer zoustänneg fir d’Digitaliséierung, d’Recherche an d’Héichschoulen.

D’Stéphanie Obertin gouf als 11. et op der DP-Lëscht am Zentrum gewielt. Obscho Si mat deem Resultat just am Mëttelfeld läit, gouf Si gefrot, fir de Ministère fir Digitaliséierung an de Ministère fir Recherche an Héichschoul fir déi nächst 5 Joer ze iwwerhuelen.

Déi lescht 16 Joer huet d’Stéphanie Obertin als Doktesch an engem Cabinet zu Bouneweg geschafft. Si huet Medezin zu Stroossbuerg an zu Nanzeg studéiert. Vun 2019 bis 2022 war si och Presidentin vun de Generalisten. Elo huet si hiren Dokteschcabinet géint e Büro am Hotel de Bourgogne getosch.

D’Stéphanie Obertin war bei de Koalitiounsverhandlungen dobäi an huet am Aarbechtsgrupp Santé matgeschafft. Si huet awer ni domadder gerechent, selwer Ministesch ze ginn.

Nieft der Digitaliséierung ass d’Stéphanie Obertin och fir d’Ressorte Recherche an Héichschoulen zoustänneg. Alles Ministèren, déi ganz Zukunftsorientéiert sinn, a wou si als nei Ministesch wëll Akzenter setzen.

D’Stéphanie Obertin ass Stress an Aarbecht gewinnt. Privat ass déi 49 Joer al Politikerin éischter roueg a reservéiert. An hirer Schoulzäit huet si sech fir Leeschtungssport begeeschtert an am Familljebetrib eng Hand mat ugepaakt.

Back to Top
CIM LOGO