Background am Gespréich (3. Oktober) - Steve Thull"Mir kënnen eis ni op all Plaz géint alles schützen"

Annick Goerens
E Samschdeg war de fréieren Arméischef eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Background am Gespréich mam Éieregenerol Steve Thull
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

D'Lëtzebuerger Arméi kéint net duerch hir Gréisst beandrocken, dofir misst se qualitativ ganz gutt sinn. Dat wier säin Zil gewiescht, sot e Samschdeg de Mëtten de fréieren Arméischef Steve Thull hei op der Antenn. Hie gouf dës Woch vum Claude Robinet un der Spëtzt vun der Arméi ofgeléist.

D'Lëtzebuerger Arméi kéint net duerch hir Gréisst beandrocken, dofir misst se qualitativ ganz gutt sinn. Dat wier säin Zil gewiescht, esou de Steve Thull: "Mir war et immens wichteg, datt eis Zaldote qualitativ op der Héicht sinn, soudatt wa se sech mat aneren Alliéierten zréckfannen, datt kee muss Angscht hunn, wann e Lëtzebuerger Zaldot dobäi ass."

36 Joer laang war de Steve Thull an der Arméi, 6 Joer laang huet hie se geleet. Eng Zäit mat villen Erausfuerderungen, vu Pandemie a Joerhonnerthéichwaasser bis zur Muechtiwwernam vun den Taliban am Afghanistan an dem Krich an der Ukrain...

"Bei den Iwwerschwemmungen ware mir déi, déi wierklech richteg gutt gehollef hunn. An ech kann Iech soen, ech hat Tréinen an den Aen, wéi ech gesinn hunn, wéi eis Leit sech do dru ginn hunn. Si stounge bis zu der Hëft am Bulli, fir alles propper ze maachen. Dat ass ganz gutt bei der Populatioun ukomm."

Erausfuerderungen: Infrastruktur, Dronen, Loftofwiersystemer

Déi gréissten Erausfuerderung fir säin Nofollger Claude Robinet géing a sengen Aen um Niveau vun der Infrastruktur leien...

"Mir sinn iwwerall amgaang ze kucken, mee wa mer gesinn, wéi lues, datt den infrastrukturell Projete bei eis iwwert d' Bün ginn, da gëtt dat e richtegen, e richtegen Challenge."

D'Aarbecht vun der Arméi wier an de leschte Jore méi komplex ginn, nieft der Loft, dem Waasser an dem Land sinn de Cyberspace an de Weltall dobäikomm. Am Beräich vum Cyber hätt Lëtzebuerg scho gutt geschafft, esou de Steve Thull.

"Mir hunn 2015 ugefaangen eis Cyberzell innerhalb vun der Arméi op d'Been ze stellen. A mëttlerweil hu mer et fäerdeg bruecht a Kollaboratioun mat eise Partner an deene gréissten Exercicer an der NATO, op deene viischte Plazen insgesamt ze landen."

Et ginn awer an Europa och nach genuch Chantieren, esou de fréiere Chef vun der Lëtzebuerger Arméi, besonnesch bei den Dronen, bei de Loftofwiersystemer an och bei den Technologie fir Ziler op wäit Distanz ze zerstéiere missten d'Kapazitéiten ausgebaut ginn.

"Wann ech mech just verdeedegen, ech wieren dat doten of, da kënnen déi aner nach ëmmer op deene Plazen, wou se déi Missile fortschécken, weiderfueren. Also muss een och op der Plaz am Hannerland vu Russland d' Méiglechkeeten hunn, fir am Deepstrike dat dote kënnen ze eliminéieren. An nëmmen, wa mer dat kréien, kënne mer den Iwwel un der Wuerzel eliminéieren. An dorëms geet et. An dat ass och dat, wat an Zukunft kënnt. Europa steet an deene Kapazitéiten total plakeg do."

Europa wier do komplett ofhängeg vun den USA, esou de Steve Thull.

Dronevirfäll

Wat hie kéint soe wier, dass et net a Richtung vu Sabotage oder Gewalt géint Leit oder Material géing goen, dat sot de Steve Thull zu de rezenten Dronentëschefäll. Hien huet dofir plädéiert, e rouege Kapp ze halen.

"Dat dote si Phenomener, déi gesäit een duerch ganz Europa an an der ganzer Welt quasi, op d'mannst an där Zone d'intérêt vun der NATO an der Union européenne. An dofir dierf ee sech och net ze vill do an den Eck drécke loossen."

Déi absolutt Sécherheet géing et net ginn, dofir wier et wichteg d'Resilienz ze stäerken, fir dass d'Leit a schwierege Situatiounen net panikéiere géingen.

Background am Gespréich: Steve Thull

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO