
Kuerz no de Gemengewale war et zu Sandweiler nach eemol zu engem Sträit tëschent der aler an der neier Majoritéit komm, dat wéinst engem Logo. Den alen CSV-grénge Schäfferot hat en neie Logo fir d’Gemeng maache gelooss, eng Decisioun, déi déi nei blo-rout Majoritéit dunn nees réckgängeg gemaach huet.
Wéi d’Tageblatt e Samschdeg mellt, goufen domat 38.689 Euro fir näischt aus ginn. Dee Chiffer hätt d’LSAP-Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer e Freideg am Gemengerot genannt.