Aus dem PolicebulletinSträit op Tankstell zu Esch-Uelzecht an dräi alkoholiséiert Leit am Arrest

Samantha Weber
D'Police hat et e Mëttwoch mat enger Rei Leit ze dinn, déi ze vill Alkohol gedronk haten.
© Laurent Weber

E Mëttwoch den Owend gouf et eng Kläpperei op enger Tankstell um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch. Op der Plaz hunn d'Beamten e Mann mat enger Blessur um Kapp ugetraff. Éischten Erkenntnisser no war dësen aus sengem Auto geklommen, op zwou aner Persounen duergaangen an hat dës menacéiert. Am weidere Verlaf hätt de Verdächtegen du probéiert, ee vun deenen anere Männer ze schloen. Dësen huet sech awer gewiert, wouduerch de Verdächtege gefall ass. Wéinst der Menace vu virdrun hunn d'Polizisten decidéiert, den Auto ze duerchsichen. Well de Mann mat sengem Auto ënnerwee war an alkoholiséiert geschéngt huet, huet hie missen en Alkoholtest maachen, dee positiv ausgefall ass. De Mann huet de Permis missen ofginn a krut e provisorescht Fuerverbuet. D'Ermëttlungen zu der Ausernanersetzung sinn nach amgaangen.

Da mellt d'Police nach dräi Leit, déi e Mëttwoch an de Passagearrest koumen. Ënnert anerem war hinne géint 7 Auer eng Persoun an der Ettelbrécker Strooss zu Dikrech gemellt ginn, déi verdächteg no bei Autoe war. Well d'Persoun esou voll war, datt si mol net méi selwer stoe konnt, koum si an den Arrest.

Géint 20:30 Auer huet eng Persoun an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg e Moto ëmgestouss. Op der Plaz waren d'Beamten dunn op e Sträit tëscht zwee Männer gestouss. Well ee vun hinne sech net berouege loosse wollt, huet och hien d'Nuecht missen am Arrest verbréngen.

Eng weider alkoholiséiert Persoun gouf iwwerdeem géint 21:20 Auer an engem Restaurant an der Rue Erasme um Kierchbierg gemellt. Dës hat probéiert, eng Wäifläsch ze klauen. Wéi d'Polizisten op der Plaz ukoumen, huet de Mann sech onkooperativ verhalen an huet misse mat an den Arrest goen.

Back to Top
CIM LOGO