
D'Cour administrative gesäit den Appell vum Staat als justifizéiert un a weist dofir de Recours vun engem Mann géint Decisioune vum François Bausch vun 2017 als net fondéiert zréck: Dat steet an engem Uerteel vum Verwaltungsgeriicht zum juristesche Sträit ëm d'Iwwerschreiwe vun thailännesche Führerschäiner vun engem Mann. De Minister hat déi Transkriptioun refuséiert.
Am Mäerz 2017 hat de Mann an Thailand den Autos- an de Motorsführerschäi kritt an am August vun deem Joer gefrot, fir déi Permisen iwwerschriwwen ze kréien. De François Bausch hat am September 2017 "Nee" dozou gesot an déi Entscheedung am Oktober an am November vun deem Joer confirméiert.
De Mann war am Dezember 2017 dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Den Tribunal administratif hat déi 3 Ministeschdecisiounen am Januar elo annuléiert an decidéiert, dass den Dossier zréck misst bei de Minister. De Staat hat am Februar Appell gemaach géint dat Uerteel.
Déi zweet Riichter halen an hirem fest, dass d'Iwwerschreiwe vum Führerschäin aus engem Land baussent dem Europäesche Wirtschaftsraum vum Minister muss refuséiert ginn, wann den Titulaire dee Moment, wou de Permis ausgestallt gëtt, net op d'mannst 6 Méint an deem Land gelieft oder studéiert huet.
De François Bausch war der Demande, fir d'Permisen ze iwwerschreiwen, net nokomm, well de Mann dee Moment, wou se ausgestallt goufen, hei am Land gelieft huet an d'Führerschäiner nëmmen zwee Méint krut, nodeems hien an Thailand ukoum. Hien hätt deemno net op d'mannst 6 Méint do gelieft, ma de Beweis heifir ze erbréngen an dofir, dass hien an där Zäit seng Führerschäiner krut, déi hien hei am Land wëll iwwerschreiwe loossen.
De Mann hätt wuel Fligerbilljeeë vu Januar 2017 op Bangkok a vun August 2017 vu Bangkok erfort virgeluecht, genee wéi Säite vu sengem Pass mat den entspriechende Stempelen. Hien hätt awer net bewisen, dass hien op d'mannst 6 Méint an Thailand gelieft huet. D'Billjeeën an d'Stempele wären zwar de Beweis dofir, dass hien an Thailand gereest ass, net awer dofir, dass hien och do gewunnt huet. Hie wär och nach ëmmer hei am Land gemellt gewiescht. Well net kloer wär, dass hie seng Permisen an engem Zäitraum vun op d'mannst 6 Méint krut, déi hien do gewunnt huet, wär et deemno richteg gewiescht, dass de Minister d'Iwwerschreiwe vun de Führerschäiner refuséiert hätt, sou d'Cour administrative.
De Recours vum Mann géint d'Decisioune vum François Bausch wär also als net fondéiert zréckzeweisen, an de Mann hätt och keng Indemnité de procédure zegutt.