Accident mat déidleche SuittenStrof oder Fräisproch fir jonk Automobilistin?

RTL Lëtzebuerg
Ufank 2017 war um Parking vun engem Supermarché um Houwald en Här vu 77 Joer ugestouss ginn. E puer Deeg drop war hien u senge Blessure gestuerwen.

"Ech froe mech nach haut, wéi et méiglech ass, dass ech den Här net gesinn hunn!" Dat sot e Mëttwoch de Mëtten um Stater Geriicht eng Fra vu 25 Joer; si war ugeklot wéinst engem Accident mat déidleche Suitten am Januar 2017 um Parking vum Cactus um Houwald.

D'Beschëllegt wollt deemools am fréien Owend nom Akafen heemfueren. Um Zebrasträif virun der Haaptentrée hat si e 77 Joer ale Mann ze pake kritt, dee 5 Deeg drop am Spidol gestuerwe war. De Prozess huet virun allem ëm d'Fro gedréint, ob d'Fra de Mann frontal ze pake krut oder ob si, wéi si et sot, iwwert d'Affer gefuer ass.

Accident mat déidleche Suitten: Reportage Eric Ewald

"De Mann ass ugestouss ginn: Hutt Dir dat net beim Impakt gemierkt?", huet de President déi jonk Fra gefrot. "Ech ka mer et net erklären!", war hir Äntwert dorop. Woubäi och de Rechtsmedeziner gemengt huet, d'Bild vun de Blessure géif drop hindeiten, dass dem Affer vu vir an d'Schinn gerannt gouf, spréch dass et ugestouss gouf. Si hätt no lénks a riets gekuckt a geduecht, den Trëttoir erwëscht ze hunn; wéi si d'Dier vum Auto opgemaach huet, hätt si de Mann um Buedem leie gesinn. Si wär net ofgelenkt gewiescht an hätt de Mann vläicht wéinst de grousse Poubellen net gesinn; um Enn vun hiren Aussoen huet si sech entschëllegt.

Eng Zeie sot aus, dass si e Schruppen héieren hat, wéi wann en Auto widder den Trëttoir komm wär, an e Beamte vun der Police judiciaire, deen den Auto ënnersicht hat, dass dee just eng kleng Téitsch hat, déi net bei d'Blessure vum Mann um Schinnebee passt. Nieft deene Blesse gouf et der och nach um Kapp, hat de Geriichtsmedeziner preziséiert.

Nodeems d'Me Dobek als Affekotin vun de Partie-civillen eppes méi wéi 315.000 € Schuedenersatz fir d'Fra, d'Duechter an de Fils vum Affer gefrot hat, huet de Me Fettig, Affekot vun der Fra, 3 Punkten ervirgehuewen, déi a sengen Ae fir e Fräisproch schwätzen: dass seng Cliente déi ganz Zäit gesot hätt, iwwer eppes gefuer ze sinn; dass hiren Auto keng Téitschen op deene Plazen hat, déi de Mann um Bee solle getraff hunn; an dass d'Zeie geduecht hätt, et wär een an den Trëttoir gerannt.

Dogéint war d'Vertriederin vum Parquet der Meenung, déi jonk Fra hätt sech net virsiichteg genuch beholl. Wéinst der, Zitat, "Gravitéit vun de Faiten an dem Manktem un Asiicht" sollt d'Fra zu 3 Méint Prisong, enger ugemoossener Geldstrof an engem Fuerverbuet vu 24 Méint veruerteelt ginn.

D'Uerteel gëtt de 4. Abrëll gesprach.

Back to Top
CIM LOGO