Am LokalenStrooss no Accident zu Colmer-Bierg nees op

RTL Lëtzebuerg
Zu Colmer-Bierg koum et en Dënschdeg de Moien zu engem Accident op der N22.
© CGDIS

Am Beräich vun der Kräizung op der N22 zu Colmer-Bierg bei der Goodyear gouf et een Accident. Eng Persoun gouf RTL-Informatiounen no liicht blesséiert. Eng Spuer war zäitweis blockéiert. Géint 9.15 Auer ass d'Strooss allerdéngs nees fir de Verkéier fräigi ginn, mellt d'Police.

© Domingos Oliveira

Géin 6.40 Auer gouf et all Kéiers ee Blesséierten. Zu Dikrech an der Rue du Tilleul sinn en Auto an e Moto anenee geknuppt. Antëscht dem Potaaschbierg a Maacher sinn zwee Autoen net laanschtenee komm.

Um 10.10 Auer du war et Verkéiersaccident tëscht dem Schumannseck an dem Pommerlach. Hei goufen zwou Persoune verwonnt. Weider Detailer mellt der CGDIS net.

Vëlosfuerer vun Auto ugestouss a blesséiert

Zu Esch-Uelzecht gouf de Méindegowend géint 18 Auer ee Vëlosfuerer vun engem Automobilist ugestouss. Wou de Chauffeur vun enger Tankstell op der Rue de Luxembourg fortgefuer ass, huet hien de Cyclist iwwersinn an ass an e geknuppt.

Eng Ambulanz a weider Secouristen aus Esch ware sur Place, fir d'Plaz ze sécheren a sech ëm dee Blesséierten ze këmmeren. De Vëlosfuerer koum mat liichte Blessuren an d'Klinick.

D'Police huet festgestallt, datt den Automobilist ze vill gedronk hat. Him gouf doropshin de Fürerschäin ofgeholl an et gouf ee provisorescht Fuerverbuet géint hien ausgeschwat. De Virfall gouf zu Protokoll geholl.

Back to Top
CIM LOGO