
Dës Hausse ass dem ILR no op 3 Facteuren zeréckzeféieren: Den Energiepräiss, deen ëm 13% geklommen ass, den Transport vun der Elektrizitéit iwwert d'Infrastrukturen vum Reseau, deen ëm 7% geklommen ass an Taxen a Lizenzen, déi ëm ronn 10% geklomme sinn.
Den ILR réit Clienten, déi verschidden Offeren vun de Fournisseuren ze vergläichen, fir sou en optimale Choix kënnen ze treffen.