
Dat äntwert den zoustännege Minister Max Hahn op parlamentaresch Froe vun déi Lénk an de Piraten.
D’Autoritéite géifen de Leit, déi de Statut schonn accordéiert kruten, och hëllefen en Daach iwwert dem Kapp baussent den ONA-Strukturen ze fannen. Um Enn wier et awer hir eege Responsabilitéit sech dann och effektiv bei den zoustännege Servicer ze mellen, respektiv d’Offeren, déi se kréien, och unzehuelen, esou de Minister.
Zanter uganks vum Joer hätte knapp 60 Leit d’Struktur verlooss. Dovun hätten der 24 eng privat Wunneng fonnt. 35 sinn an anere Strukture vum ONA ënnerkomm.
Sollt eng Struktur awer final zougemaach ginn, géifen d’Leit, déi do wunnen, e puer Méint am Viraus doriwwer informéiert ginn. Leit, déi offiziell kee Recht méi op e Bett beim ONA hunn, well si de Protectiounsstatut scho kritt hunn, mussen da kucken, eng aner Wunneng ze fannen. Dobäi kréiche si, wéi gesot, gehollef, ma ouni Garantie, dass déi verschidde sozial Servicer och eng Solutioun fir jidderee fannen.