Méi wéi 20.000 AbonnentenSuccès vu Vel'OH hëlt zou, mä Vandalismus och

Lynn Cruchten
Iwwer 20.000 Laang-Zäit-Abonnenten zielt de Vel’OH-Locatiouns-System an a ronderëm d’Stad Lëtzebuerg. Zënter 14 Joer kann ee sech déi blo Vëloen ausléinen.
Succès vu Vel'OH hëlt zou, mä Vandalismus och
Se blockéiere Parkplazen, Trottoiren a stinn op Plaze wou se näischt verluer hunn. De Problem vun zréckgeloossene Locatiouns-Vel’OHen huet zougeholl.

Zënter 2018 si se zu 100% elektresch, wat zu bal enger Verdräifachung vun den Abonnementer gefouert huet. D’Zuel vun de Locatioune vun den Zweerieder ass iwwerdeems ëm dat fënneffacht an d’Luucht gaangen. Allerdéngs huet mam Succès vum Locatiounssystem rezent och de Vandalismus un de Vëloen an un de Parkstatiounen zougeholl.

Se blockéiere Parkplazen, Trottoiren a stinn op Plaze wou se u sech näischt verluer hunn. De Problem vu verweessten zréckgeloossene Locatiouns-Vel’OHen huet an de leschte Méint zougeholl. Et sinn der wuel eng Partie drënner, déi vun den Notzer just fir e kuerze Stopp ofgestallt, blockéiert an dono nees gefuer ginn, mee ëmmer méi Leit géifen an der Hetz oder aus Bequeemlechkeet och bewosst hir Vëloen net zréck bei eng Borne bréngen.

Dernieft hätt awer och de Phänomeen vu muttwëllegem Futtimaache vun de Vëloen zougeholl. 6.000 Stécker hunn zejoert un de Vëloen a Parkbornë missen ersat ginn, e groussen Deel dovu wéinst Vandalismus. Dobäi kënnt den zäitlechen Opwand vun den Ekippen, déi Schied notéieren a flécken an ëmmer méi Vëloen uechtert d’Land mussen asammelen.
Ofgesi vum Vandalismus beschwéiere sech eng Rei Abonnenten nach doriwwer, dass ëm Feierowend dacks op bestëmmte Sitten, am Stadkär zum Beispill, Vëloe géife feelen, iwwerdeems dann an de Peripherië keng Parkplaze méi disponibel wieren. Hei wier eng besser Koordinatioun néideg.

Back to Top
CIM LOGO