VIDEO: Gewalt um Match Ettelbréck géint JeunesseSupporter zerklappe sech nom Match um, an nieft dem Terrain

David Winter
Nom Gläichstand tëscht béiden Ekippen, koum et e Sonndeg den Owend zu Ettelbréck zu enger Massekläpperei tëscht de Supporteren.
© Raoul Michels / RTL

Ongeféier 70 Spectateure sinn um Terrain an op der Lafpist géint 18 Auer unenee geroden an hunn eng Kläpperei ugefaangen. Di Escher Supporter sinn eriwwer bei déi Ettelbrécker gelaf.

Dobäi gouf och Gewalt géint d'Police geriicht, déi probéiert huet, d'Situatioun an de Grëff ze kréien. Ee Polizist krut mat engem Rimm vun engem Supporter an d'Gesiicht geschloen.

Direkt e puer Patrullen aus dem ganze Land hu missten als Verstäerkung geruff ginn, fir d'Situatioun ze berouegen. Elo gëtt am Fall vu Rebellioun ermëttelt. Keng Persoun gouf eeschthaft blesséiert.

PRIVAT-VIDEO: Etzella-Jeunesse: Supporter zerklappe sech nom Match
Nom Gläichstand tëscht béiden Ekippen, koum et e Sonndeg den Owend zu Ettelbréck zu enger Massekläpperei tëscht de Supporteren.

Back to Top
CIM LOGO