Déi beschte Gemenge fir d'Pirate sinn d'Stad Lëtzebuerg, Péiteng an Esch, dat sot de President vun der Piratepartei Sven Clement en Dënschden de Moie bei eis op der Antenn. D'Piratepartei wëll dëst Joer eng éischte Kéier bei de Gemengewahle matmëschen an huet sech virgeholl an op d'mannst 6 Proporzgemengen an enger Rei Majorzgemengen eng Lëscht opzestellen. Nach ass keng Lëscht publizéiert. Et wier een awer relativ gutt virukomm, sou eisen Invité vun der Redaktioun. Schwieregkeete grad bei klenge Parteie gesäit de Sven Clement bei der virgeschriwwener Residenzklausel an der gewënschter Paritéit. Ronn ee Véierel vun alle Membere muss sech opsetzen, fir d'Lëschte voll ze kréien. Nëmmen 20% vun de Membere si Fraen. D'Pirate gi mam Slogan "modern.fair.transparent" an d'Campagne. Datt et an der Lescht sou roueg ëm d'Pirate ginn ass, erkläert de Sven Clement domat, datt een immens vill Zäit investéiert hätt fir d'Matière Gemengewahlen ze verstoen a lokal aktiv ze ginn. Lokal aktiv ze sinn, géif vill Zäit ewech huelen an an enger klenger Partei géif een dat och méi spieren, wéi an enger grousser.
Stéchwierder fir d'Pirate-Walcampagne sinn ënnert anerem abordabele Logement an abordabel Bureausfläche fir jonk Entreprisen an de Gemengen, digitaliséiert Gemengeservicer a méi Matbestëmmung vun de Leit zum Beispill bei PAGen a PAPen oder och via e Biergerbudget vun engem bis 10% jee no Gréisst vum Budget.
Den Invité vun der Redaktioun en Dënschden um 10 op 8 war de President vun der Piratepartei.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.