Zu Lëtzebuerg gehéieren 12% vun de Salariéen zu de sougenannten „Working Poor“, also déi Leit déi trotz enger Aarbecht an Aarmut liewen. Dat ass den drëtthéchsten Taux an der Eurozon, no Griicheland a Spuenien, wéi Sylvain Hoffman vun der Salariatskammer e Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview erkläert huet.Schold wiere besonnesch déi zäitlech limitéiert Aarbechtskontrakter an den niddrege Mindestloun. Wat nämlech vun deem iwwreg bleift, no Steieren a Cotisatioune läit ënnert der Aarmutsgrenz, déi Eurostat definéiert huet.D'Politik ass elo gefuerdert a misst déi temporär Aarbechtsverhältnisser reduzéieren, respektiv limitéieren. Do dernieft misst de Mindestloun ëm 10% eropgesat ginn an e misst steierfräi sinn. Den Sylvain Hoffmann vun der CSL ënnersträicht och, datt esou eng Hausse direkt géif consomméiert ginn, an esou nees an d'Economie fléissen.De Marc Baum vun déi Lénk, huet e Mëttwoch de Mëtten iwwregens eng Interpellatioun iwwert d'“Working Poor“ an der Chamber.
Den Invité vun der Redaktioun um Mëttwoch um 10 op 8 war de Vize-Direkter vun der Chambre des Salariés.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
An engem Communiqué beschäftegt sech d'Piratepartei domadder, datt Aarbecht sech loune muss:
Pressematdeelung
Koplëscht, den 31. Mee 2017
De lëtzebuergeschen Dram? Vun Aarbecht muss ee liewe kënnen!
All Generatioun wëllt, datt et der nächster besser soll goen. Well natierlech wënscht ee senge Kannner ëmmer dat Bescht. Leider ass dëse gesellschaftleche Kontrakt an de läschte Joren ëmmer nees gebrach ginn. Amplaz datt Léin am gläiche Mooss wéi Liewenskäschte geklomme sinn! Sou woren 2003 11,9 Prozent vun Aarmut bedroht – gläichméisseg duerch all Alterstranche verdeelt – woubäi 2015 schonns 15,3 % vun Aarmut bedroht woren. Wat dobäi erausstécht ass, datt emmer méi Jonker (< 25 Joer) dem Risiko vun der Aarmut ausgesat sinn. Dën Taux bei der Tranche 18 - 24 Joer ass vun 12,3 op 21,5 Prozent geklommen. Dëst weist datt prekär Aarbechtssituatiounen och zu Lëtzebuerg Fouss faassen. Eise gesellschaftleche Kontrakt verlangt datt een vun senger Aarbecht liewe kann. Wann dësen Deal net méi agehale gëtt, muss de Staat seng Uerdnungspolitesch Responsabilitéiten huelen an entweder fir méi niddreg Liewenskäschte suergen oder e Kader schaafen wou d'Schéier tëscht niddrege Paien an héige Paien net esou wäit ausenee geet. D'Piratepartei revendiquéiert zanter Joren, ähnlech wéi den Elon Musk, Tim Berners-Lee (Begrënner vum WWW), Götz Werner, Pierre Omidyar (Grënner vun eBay), Marc Zuckerberg an och de Martin Luther King, e bedingungslost Grondakommes fir jidderengem ze hëllefen sech selwer ze hëllefen fir der Aarmut z'entkommen a Sécherheet am Liewen ze hunn. Grad am Kontext vum Verschwannen an der Automatiséierung vu ville manuellen Aarbechten ass et wichteg datt jiddereen d'Méiglechkeet huet ze schaffen an säin Liewen domadder verdénge kann. E Bedingungslost Grondakommes (BGA) ass dofir eng vun der Pisten déi emgesat musse ginn. De Sven Clement, President vun der Piratepartei seet dozou: Eis Propose fir e Bedingungslost Grondakommes géif enger Steierreform gläichkommen déi eng negativ Steier fir kleng Paie géif aféieren. Doduerch géif bei enger Persoun déi haut de Mindestloun verdéngt och wierklech de Mindestloun ukommen. Well de gréisste Problem vu "Working Poor" haut ass, datt de Mindestloun no Ofzuch vun de Steieren ënnert dem "Seuil de Pauvreté" läit. Entweder misst also de Mindestloun erhéigt ginn, oder d'Steierbelaaschtung vun niddrege Paien muss reduzéiert ginn! Fir eis ass d'Aféiere vun enger negativer Steier op enger Tranche vum Akommes de Wee dëst als Form vun engem BGA ëmzesetzen. Den Dram vu jidderengem ass eng Aarbecht ze hunn déi een zefriddestellt an déi engem erméiglecht dovunner ze liewen. Dësen Dram muss ërem Realitéit ginn. D'Bedingungslost Grondakommes ass een Deel vun der Léisung fir dëst wouer ze maachen. |
|