Invité vun der Redaktioun (9. Dezember): Sylvain HoffmannKee Geheimnis, dass mir net zefridde ware mam Aarbechtsminister

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moie war den neien nationale Plang géint d'Aarmut Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Sylvain Hoffmann
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

“Et ass kee Geheimnis, dass d’Vertrieder vun de schaffende Leit net ganz zefridde waren mam Aarbechtsminister, fir et emol fein auszedrécken”. D’Zesummenaarbecht wier schwéier gewiescht an deementspriechend hätt d’Chambre des salariés an de leschte Méint och just negativ Avisen zu Gesetzprojete geschriwwen. Dat sot den Direkter vun der CSL. De Sylvain Hoffmann war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Mam Successeur Marc Spautz erhofft ee sech elo e Sozialdialog op Aenhéicht an endlech d’Ëmsetze vu verschiddene Projeten, wéi der Mindestloun-Direktiv oder der Plattform-Direktiv.

Nationalen Aarmutsplang: “Gutt, dass en endlech do ass”

Et ass gutt, dass den neien nationalen Plang géint d’Aarmut endlech do ass, sou den Invité. Et wier eng laangjäreg Fuerderung vun der Salariatskummer gewiescht an 106 Mesuren géifen och weisen, dass vill Besoin do wier. Och d’EU-Kommissioun huet Lëtzebuerg an de leschten Joren ëmmer nees eng Datz ginn am soziale Beräich. Dofir wier et elo gutt, dass ee sech breet opstellt. Positiv wier ënnert anerem, datt d’Kannergeld ëm ronn 15 Prozent eropgeet. 45 Euro de Mount fir déi kleng Kanner an 60 Euro fir déi méi al. Do géing e grousse Retard bestoen, vun op d’mannst 10 Prozent, well ee schonn zanter 2014 géing dovu schwätzen, fir d’Kannergeld nees ze indexéieren. Allerdéngs hätt een dat awer och kënne virzéien an dës relativ einfach ëmsetzbar Mesure scho vun 2026 u spillen loossen an net eréischt vun 2027 un. Grad bei de Kanner misst ee wëssen, dass déi sozial Inegalitéite gréisstendeels responsabel si fir schoulesch Inegalitéiten.

Grad punkto Aarbecht hätt ee misse méi wäit goen

Grad de Volet vun der Aarbecht, e ganz zentrale Volet an der Aarmutsbekämpfung, wier ganz schwaach, bedauert de Sylvain Hoffmann. “Notamment muss d’Mindestloun-Direktiv ëmgesat ginn an dat ass zu Lëtzebuerg och batter néideg, well mir hunn deen héchsten Taux vu Working Poor a ganz Europa”. An et wier numol och esou, dass aarm Elteren aarm Kanner maachen. Wann een de Mindestloun géing hiewen, kéim dat och de Kanner ze gutt. De Mindestloun léich hei am Land ënnert dem Aarmutsrisiko, ënnert dem Budget de référence vum Statec, ënnert de Recommandatiounen vun der EU an duerfir misst deen onbedéngt eropgesat ginn, fuerdert den Invité. Et soll een och net versichen, wéi den Här Mischo, dat mat aneren Rechemethoden ze ëmgoen.

Aarmut am Alter: Mindestrent hätt misse gehéicht ginn

Am Aarmutsplang stéing zwar extra eng Mesure dra fir Menagen, wou eng Persoun dran ass, déi 65 Joer oder eng Rent huet, mee d’Chambre des salariés hätt léiwer gesinn, dass d’Mindestrent géing gehéicht ginn. Et wier net normal, dass ee 40 Joer laang geschafft hätt an dann duerch seng Rent dem Aarmutsrisiko ausgesat ass. D’Erhéijung vun der Mindestrent géing virop ville Fraen ze gutt kommen. Leider wier et nämlech nach ëmmer sou, dass Frae vill méi niddereg Renten hunn a vill méi oft eng Mindesrent bezéien. Een aneren Avantage beim Erhéije vun der Mindestrent wier och, dass Frontaliere kéinten dovu profitéieren. Déi geplangt Mesure géing nämlech just de Lëtzebuerger Residenten zegutt kommen.

Wou bleiwen d’Mesuren am Logement?

Och am Beräich Logement hätt sech de Sylvain Hooffmann vun der Salariatskummer méi konkreet Mesuren erwaart. Et wiere gutt a wichteg Mesuren virgesinn, wéi d’Simplification administrative, mee déi strukturell Problemer géingen net ugepaakt ginn. Et misst och méi gemaach gi fir de Logement abordable. Am Budget wier do net vill virgesinn. Et géing och näischt ënnerholl gi géint d’Spekulatioun an och keng Incitatiounen, fir dass nei Terrainen op de Marché kommen. Do wieren zwar Projeten an der Pipeline, mee et misst endlech eppes ënnerholl gi géint eidelstoend Terrainen a Wunnengen. An de leschte Jore wieren d’Loyeren donieft explodéiert, och do wier keng konkret Mesure virgesinn, fir dat ze bremsen.

Fir géint Aarmut ze kämpfen, musse mer de Räichtum och an d’Viséier huelen

Wann ee vun Aarmut schwätzt, da misst een och iwwer Räichtum schwätzen. An dat wier hei am Plang net de Fall. Do géingen et vill Optioune ginn, notamment méi eng staark Besteierung vun héije Revenuen am Barème unique, dee jo elo soll kommen. Och d’Kapitalerträg misste méi staark besteiert ginn, dës wieren zu Lëtzebuerg dacks steierfräi oder ganz wéineg besteiert par Rapport zu de Léin. “An ech denken, et misst een och eng Kéier un de Patrimoine goen, iwwert eng Ierfschaftssteier oder iwwert en Impôt sur la fortune, well do si mer jo zu Lëtzebuerg och ganz, ganz schwaach,” sou de Sylvain Hoffmann.

Invité vun der Redaktioun: Sylvain Hoffmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO