PatientevertriedungTarif-Recommandatioun vun der Fapsylux wier mat 175€ pro Seance ze héich

RTL Lëtzebuerg
D'Negociatioune ronderëm de Remboursement vun de Psychotherapeute lafen nach ëmmer, an dat elo schonn zanter Joren.
© Shutterstock

Aktuell geet et tëscht der Gesondheetskeess an der Associatioun vun den Psychotherapeuten, der Fapsylux, ëm d’Tariffer.

Ufank Mäerz huet d’Fapsylux eng Tarif-Recommendatioun un hir iwwer 500 Memberen erausginn, déi sech op 175€ pro Seance beleeft. E Montant, dee sech vill Patienten net kéinte leeschten, reegt sech d’Patientevertriedung an engem Schreiwes vun e Méindeg de Mëtteg op. De Patient géif an den Tarif-Verhandlungen als Geisel geholl ginn.

D’Patientevertriedung mécht dofir nach eng Kéier den Appell un all déi Bedeelegt, sech un een Dësch ze sëtzen an endlech zu engem Accord ze kommen. Am aneren Fall wier et un der Zäit, dass endlech eng politesch Decisioun géif geholl ginn, fir dëst Kapitel zu engem Ofschloss ze bréngen.

Pressecommuniqué vu Fapsylux

Back to Top
CIM LOGO