
D’Affer gouf derbäi net blesséiert. Vun den Täter feelt den Ament all Spuer.
Leschte Samschdeg schonn ass ee Mann, dee wéinst enger Kläpperei an engem Café an der Rue Dicks zu Esch opgefall war, kuerz drop vun der Police an der Rue Simon Bolivar opgegraff ginn. Hien hat ee Bengel, Haschisch, Kokain a Sue bei sech. Et handelt sech beim Mann ëm ee presuméierten Drogendealer, hie gouf festgeholl.