RegierungsrotTask Force Logement an digitalen Observatoire vun der Moblitéit

RTL Lëtzebuerg
Am Regierungsrot stoungen direkt e puer gréisser Projeten um Ordre du Jour.
© RTL (Archiv)

D’Regierung stellt eng Task Force Logement op d’Been, déi d’Situatioun um Immobiliëmarché soll am Ae behalen an d’Ëmsetzung vu Mesurë fir de Marché de redynamiséieren iwwerwaachen. Donieft soll dës interministeriell Task Force aner Mesurë préiwen, déi e positiven Impakt op d’Situatioun am Logement kéinten hunn. Dat ass am Regierungsrot decidéiert ginn.

D’Ministeren hunn dann och e Gesetzesprojet iwwert d’Virkafsrecht guttgeheescht.

Da soll en digitalen Observatoire vun der Mobilitéit geschaaft ginn. Dësen Observatoire soll erausfannen, wat d’Gewunnechten a puncto Mobilitéit sinn, Donnéeë sammelen, an esou zu enger besserer Planifikatioun vun de Servicer an Infrastrukture bäidroen.

De Regierungsrot huet iwwerdeems e Gesetzesprojet op de Wee bruecht, mat deem d’Konditioune geännert solle ginn, fir kënnen e Kand z’adoptéieren. Konkret sollen och Koppelen, déi ouni gepacst oder bestuet ze sinn, zesummeliewen eligibel sinn, genee wéi gepacste Koppelen oder Leit, déi eleng liewen. Donieft soll d’Altersgrenz op maximal 45 Joer festgeluecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO