No Messerattack an Appartement um Lampertsbierg“Ech probéieren, all Dag positiv opzestoen“

Pierre Weimerskirch
Knapp dräi Méint no der brutaler Attack um Lampertsbierg ass d’J. nach ëmmer am Rehazenter. Si erzielt, wéi si sech lues a lues zeréckkämpft a wat hir dobäi déi néideg Kraaft gëtt.
No Messerattack an Appartement um Lampertsbierg
“Ech probéieren, all Dag positiv opzestoen“

Ech hunn déi jonk Fra en Dënschdeg de Mëtteg fir den Interview begéint. Si wëllt net erkannt ginn an och, dass mir hiren Numm net nennen. Virun allem fir sech an hir Famill ze schützen. Direkt spiert een, trotz deem, wat se erlieft huet, eng positiv Energie.

D’J. ass nach ëmmer an der Reha: “Et geet mer physesch natierlech vill, vill besser. Ech maachen immens Progrèsen.“

Psychologesch bleift et awer eng Erausfuerderung: “Et ass ëmmer e bëssen eng aner Saach, Ups and Downs.“

"Ech probéieren, all Dag positiv opzestoen".
Dräi Méint no der Messerattack an engem Appartement um Lampertsbierg huet de Pierre Weimerskirch mat der Fra geschwat, déi schwéier blesséiert gi war.

“Ech maachen immens Progrèsen“

All Dag ass déi jonk Mamm am Rehazenter. Si mécht Kinesitherapie, Ergotherapie, Orthophonie an huet och e psychologesche Suivi. Dacks ass si dräi bis fënnef Stonne pro Dag mat der Reha amgaangen. Méi wéi eng Kéier huet si am Interview de ville Leit Merci gesot, déi se aktuell begleeden.

Besonnesch bei der lénker Hand brauch et awer nach Zäit: “Et ass schwiereg ze soen, wéi dat evoluéiert.”

D’Doktere géifen hoffen, datt e groussen Deel vun de Funktiounen erëm kënnt, mee dat kéint nach Méint daueren.

Fils gëtt hir Kraaft

An dëser Zäit ass d’Ënnerstëtzung vun der Famill a Frënn entscheedend.

“Ouni si wier ech elo sécher net do, wou ech elo sinn“, seet d’J.

Virun allem hire Fils ass hir gréisste Motivatioun. Gläichzäiteg ass et net ëmmer einfach. Vill Besuch an Opmierksamkeet ginn zwar Kraaft, mee si sinn och ustrengend.

“Dat hëlleft immens vill, mee et mécht och midd.“


27. Januar 2026: “Ech hat keng Zäit fir nozedenken“

D’J. erënnert sech nach gutt un den Dag vun der Attack. Si war doheem, hat hire Jong an d’Bett geluecht a Geräischer an der Wunneng héieren. Ufanks hat si sech näischt dobäi geduecht. Eréischt wéi si Kreesch am Gank héieren hat, gouf der elengerzéiender Mamm kloer, datt eppes net géif stëmmen. Si goung erof kucken an op eemol stoung hir e Mann géigeniwwer.

“Ech hat keng Zäit fir nozedenken“, seet si. D’Attack wier immens séier gaangen. Si huet instinktiv hir Äerm gehuewen, fir de Kapp an d’Häerz ze schützen. “Mäi Kierper huet genee richteg reagéiert.“

Si hätt dunn och geruff gehat: “J’ai un bébé, laissez-moi tranquille.“

Si wier d’Trapen erofgestouss ginn an den Täter wier duerno fortgaangen.

“Si huet mir d’Liewe gerett“

Trotz schwéiere Verletzunge konnt d’J. sech erëm d’Trapen erop zéien an no hirer Schwéiesch ruffen, déi am nämmlechten Appartement wunnt. Déi hätt séier reagéiert gehat an direkt Hëllef geruff. Iwwer Telefon hätt d’Schwéiesch och Instruktioune kritt fir d’Bluddung beim Häerz ze stoppen. “Si huet mir d’Liewe gerett“, seet d’J.

D’Police an d’Ambulanz wieren och ganz séier op der Plaz gewiescht.

D’Erënnerung un d’Alicia

Fir d’J. ass mat am schwieregsten, dass eng jonk Fra d’Attack net iwwerlieft huet.

“Wann ech un d’Alicia denken, da kann ech deelweis net ootmen“, seet si. Fir si ass et schwéier ze begräifen, wéi esou eppes konnt geschéien. D’Alicia wier einfach hirer Aarbecht nogaange gewiescht.

Den Dag no der Dot goufe beim Appartement Blummen néiergeluecht.
© Domingos Oliveira

D’Erfarung huet hire Bléck op d’Liewe verännert. Eng Fro, déi se awer nëmme schwéier beäntwere konnt.

“Ech gesi vill Saachen an engem anere Liicht.“

Kleng Problemer hätten elo net méi déi selwecht Wichtegkeet. Si probéiert, sech op dat Positiivt ze konzentréieren: “Et muss een un deene schéine Momenter festhalen.”

Hir Hoffnung ass och, anere Leit duerch dësen Temoignage Kraaft ze ginn.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO