Abroch an EefamilljenhausTäter ass/si warscheinlech iwwert d'Terrassendier agebrach

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass de Virfall tëscht e Freideg den Owend an e Samschdeg de Moien an der Rue de Capellen zu Ollem.

D’Spueresécherung vun der Police befaasst sech den Ament mat den Ermëttlungen.

De mellt d’Police nach eng Partie Permisen déi agezu goufen. Dat eemol an der Rue Notre Dame an der Stad. Hei gouf e Chauffer géint 18 Auer ugehalen, well dee vill ze séier ënnerwee war. Et huet sech erausgestallt, dass hien och ze vill gedronk hat.

Géint 6.30 Auer e Sonndeg de Moien dann huet d’Police op der A4 dann nach en Auto ugehalen, deen extrem lues an a Schlaangelinne gefuer ass. Souwuel Alkohol- wéi Drogentest si positiv ausgefall. De Permis gouf och hei agezunn.

Back to Top
CIM LOGO