Affer mat Schosswonn am SpidolTäter no Schéisserei an der Stad weiderhi flüchteg

RTL Lëtzebuerg
Nodeems en Dënschdeg e Mann an der Rue Fort Neipperg an der Stad duerch e Schoss am Bauch blesséiert gouf, sicht d'Police weiderhin nom Täter.

Wéi d’Police e Mëttwoch matdeelt, hu sech d’Affer an den Täter kannt. D’Affer wier iwwerdeem a medezinescher Behandlung am Spidol.

D’Ermëttlunge lafe weider. Eng genee Beschreiwung vum presuméierten Täter kann d’Police den Ament nach net ginn.

RTL-News: Police sicht weider no Verdächtegem: Persoun duerch Schoss um Bauch blesséiert an der Rue du Fort Neipperg

Back to Top
CIM LOGO