
Wéi et am Policebericht heescht, soll de Mann vun de Proprietäre vun enger Wiertschaft geschloen an zäitweis festgehale gi sinn, wéi en de Stroum vum Betrib sollt ofschalten.
Déi presuméiert Täter konnte spéider op Uerder vum Dikrecher Parquet festgeholl ginn. Si koume virun den Untersuchungsriichter, deen ordonéiert huet, datt béid Persoune solle festgeholl ginn.