Loyer abordableTaux d'effort soll besser berücksichtegt ginn

Pit Everling
Mam Pacte Logement 2.0 wëll de grénge Minister Kox d'Problemkand Logement upaken. Een Aspekt vun der Strategie soll d'Konzept vum „loyer abordable“ sinn.

D'Deputéiert aus der Logementskommissioun krute rezent déi grouss Linne presentéiert. Ënnert anerem soll d'Berechnungsformel vun de genannnte Loyerë besser un den taux d'effort ugepasst ginn.

Abordabele Loyer / De Reportage vum Pit Everling

Virop ännert awer och den Numm. Aus „loyer social“ gëtt „loyer abordable“.

Semiray Ahmedova:D'Zil ass et och, datt net nëmme „sozial schwaach“ Leit a Fro kommen, mä datt d'Schéier méi grouss opgemaach gëtt, esou déi Gréng Presidentin vun der Logementskommissioun.

Déi wichtegst Nouveautéit ass déi, datt bei der Berechnung en zousätzleche Parameter wäert mat afléissen, an zwar de sougenannten taux d'effort, dat heescht wéi e Prozentsaz vum Revenu an de Logement fléisst.

Semiray Ahmedova:Wéi vill den Effort vun deem Stot ass fir engersäits kënnen dezent ze liewen an anersäits sech eng Wunneng kënnen ze leeschten.

Tëscht 10 a 35% vum Netto-Revenu wier fir de Logement virgesinn, heescht et weider.

Semiray Ahmedova:Wann ech zwee Erwuessener huelen an zwee Kanner, mat engem Netto-Revenu vun 3000€, wat wéineg ass. Mat der neier Methodologie kéim raus, datt déi 10,5% misste fir Loyer ausginn, dat sinn ongeféier 315€.
 
Et ass d'groussherzoglecht Reglement vun 1998 wat hei op de Leescht geholl gëtt. Viséiert sinn ëffentlech Bauträger an déi konventionéiert Promoteuren.

D'CSV ass vum Prinzip hier ganz d'accord mat den ugeduechte Changementer, sou den Deputéierte Marc Lies.
Allerdéngs missten eng Rei Froen nach gekläert ginn

Marc Lies:Leit déi haut an deene Wunnenge wunnen, datt hire Loyer vun haut, datt dee Muer net méi deier gëtt.

Dernieft misste kloer Reegelen definéiert ginn, wéi an ënner wéi engen Ëmstänn e Locataire vun de concernéierte Wunnenge ka profitéieren

Marc Lies:Wann et engem Ménage Muer besser geet, muss deen anescht orientéiert ginn, fir anere Leit d'Chance op déi Wunneng ze ginn.

D'CSV wéilt natierlech déi genee Detailer ofwaarden, sou nach de Marc Lies.

Back to Top
CIM LOGO