LuxlaitTechnesch Innovatioun erméiglecht 40 Prozent manner Plastik

Monica Camposeo
Entreprise mussen der Nohaltegkeet gerecht ginn, mee och kucken, wéi de Client drop reagéiert.
Nohaltegkeet bei der Luxlait
Luxlait huet iwwer 3 Milliounen Euro investéiert fir méi performant Maschinnen, mat deenen d’Verpackungen och méi nohalteg ginn.

Luxlait huet iwwer 3 Milliounen Euro investéiert fir méi performant Maschinnen, mat deenen d’Verpackungen och méi nohalteg ginn.

An enger Stonn ginn elo hei 9.000 Dëppercher gefëllt a prett gemaach fir de Verkaf. Soss waren et der 3.000.

Ganz feierlech goufen déi zwou nei Maschinnen ageweit, mat deenen et net just méiglech ass, méi séier ze produzéieren, mee och 40 Prozent vum Plastik anzespueren, andeems Kartrong agesat gëtt. Ganz op Plastik verzichte kéint ee wéinst der Hygiène net, mee elo soll dee Behälter méi dënn sinn, dofir kënnt eng Schicht aus Kartrong dobäi, déi kann ewech geholl ginn, fir d’Materialien eenzel ze recycléieren.

Den Deckel aus Plastik bleift awer. No enger Testphas an de Supermarchéen hätt ee vill Reklamatioune kritt. Virun allem bei méi groussen Dëppercher, déi een net direkt eidel mécht, schéngt de Client net mat der Nohaltegkeet matzegoen.

Wat d’Ëmstellung op Glas ugeet, esou wier dat an noer Zukunft net geplangt, mee theoretesch méiglech. Dorop wier och opgepasst ginn, wéi déi nei Maschinne kaf gi sinn.

Ënnert anerem géing awer d’Liewensmëttelsécherheet eng grouss Roll spillen, esou nach de Generaldirekter Gilles Gerard. Dat wier eng Erausfuerderung zum Beispill wann d’Verbraucher hiert eegent Glas mathuelen. Et wier een awer prett, fir an Zukunft méi a Richtung Plastik ze goen.

Ma da muss de Verbraucher awer och nach mat op dee Wee goen.

PDF: Schreiwes vun der Luxlait

Back to Top
CIM LOGO