
No dësem Virfall huet de Pilot decidéiert, d'Landung um Findel ofzebriechen. Wann esou eppes geschitt, gëtt der Sécherheetsprozedur no een alternatiivt Erausfuere vum Fuerwierk duerchgefouert. Dono konnt de Fliger normal landen an ass aus Sécherheetsgrënn op seng Positioun um Terminal B zeréck geschleeft ginn. Duerch déi ganz Prozedur koum et zu enger Verspéidung vun 30 Minutten.
D'Passagéier an der "De Havilland Q400" ware vum Pilot informéiert ginn a konnten de Fliger sécher verloossen.
Fannt hei dee ganze Communiqué vun der Luxair.