ILRTelekommunikatioun: Manner Minutten an SMSen, dofir méi Datevolumen

Kevin Kayser
Den Institut luxembourgeois de régulation huet d'Evolutioun vum Telekommunikatiounsmaart analyséiert.
Telekommunikatioun: Séier Connectioun an héijen Datevolume
Am Duerchschnëtt bezuelen d’Leit hei am Land ronn 30 Euro fir hir Handy-Abonnement. D'Notzer intresséiert virun allem den héijen Datevolume.

D'Präisser fir mobillen a fixen Internet sinn dëst Joer stabil bliwwen, deelweis esouguer erofgaangen. Dat ass de Bilan vum Institut luxembourgeois de régulation, kuerz ILR, deen d'Evolutioun vum Telekommunikatiouns-Maart analyséiert an d'Resultater virgestallt huet.

ILR Telecom Tariffer / Reportage Nadine Kremer

Virop, Lëtzebuerg huet en gudde Reseau an d'Leit ginn ëmmer méi an den Internet, esou de Luc Tapella Direkter vum ILR.

"Also mir stellen definitiv fest, dass generell d'Consommatioun an d'Luucht geet an dass vill méi am Ausland benotzt gëtt. Vill méi Date gi benotzt, haaptsächlech am Mobillen. Am Fixen geet d'Vitesse an d'Luucht. An d'Leit hätten ëmmer gär méi séier Vitess, fir kënne méi ze maachen, fir kënne méi performant ze sinn an deen Trend wäert och an de nächste Jore weider klammen."

Beim Handy-Abonnement sinn d'Kritären net méi, wéi vill Minutten a SMS een huet, mä wéi vill Daten am Präis mat dran sinn. Déi meescht Lëtzebuerger hunn zirka 2,5 GB Datevolummen a bezuelen dofir an der Moyenne 27,65 Euro de Mount. Vill hunn awer och méi déck Abo'en.
 
"Mir stelle fest, dass Lëtzebuerg e Marché ass, wou déi meescht Konsumenten déi méi deier Offer huelen, wou se méi Volume mat dran hunn. Mä wann ee kuckt, wat hir reell Consommatioun ass, stelle mer fest, dass se vill manner brauchen."
 
Dofir ass et wichteg, reegelméisseg nozekucken, wat een iwwerhaapt verbraucht a sech en entspriechenden Abo erauszesichen. Hei kann een d'Fiches signalétiques vum IRL consultéieren. Si bidden e Verglach vun den eenzelen Operateuren an hiren Offeren un.
 
"All Operateur muss fir all Offer eng fiche synertique maachen. An do op zwou Säiten huet een déi Haaptpunkten. An dat erlaabt engem Konsument einfach ze verstoen, wat ass alles a senger Offer dran, net nëmmen de Präis oder d'Vitess, de Volumen, mä och aner Detailer, déi wichteg sinn."
 

D'Offere wiessele stänneg. Dofir ass et och interessant, se reegelméisseg ze vergläichen, besonnesch wann den aktuellen Abo ausleeft.

"Beim mobille gesi mer, déi Leit, déi wéineg consomméieren, déi Offere si konstant. Par contre, déi Leit, déi vill méi consomméieren, do effektiv ginn d'Präisser lues a lues erof a fir méi bëlleg kréie se méi offréiert an hiren Offeren."

Fir de fixen Internet hunn d'Lëtzebuerger d'Tendenz e Package mat Télé an Haustelefon zesummenzekafen. Hei ass net méi de Volumen, mä d'Vitesse dat Wichtegst. Déi Meescht hu Leitungen ëm déi 100 Mbit/Sekonn am Download. Dat kascht ongeféier 80 Euro de Mount.

Back to Top
CIM LOGO