Ma nach dierft et daueren, bis et och fir d’Privatclientë méi bëlleg gëtt. Dat huet een e Mëttwoch de Moien an enger Chamberkommissioun festgestallt, bei där déi dräi Gasfournisseuren Enovos, Sudenergie an Electris invitéiert waren.
Dat läit engersäits drun, dass d’Fournisseure laangfristeg akafen, awer virun allem dorun, dass am Moment souwisou nach d’Gaspräisbrems vum Staat géing gräifen, erkläert den Alain Fürpass, Direkter vu Sudenergie. Et wier ee vun engem ganz héije Präisniveau am Oktober vun 171 Cent/m3 elo op 105Cent/m3 komm. D’Gaspräisbrems, déi awer scho bei engem Präis vun 83 Cent/m3 gräift, wier also nach ëmmer a Kraaft.
Allerdéngs hätten d’Lëtzebuerger grad wéi d’Europäer gutt gespuert. Hei am Land constatéiert een en Erspuernis vu 26 Prozent tëscht August a Mäerz am Verglach zu de leschte 5 Joer. Dat engersäits wéinst dem waarme Wanter, awer och, well e méi grousst Bewosstsinn bei de Leit do gewiescht wier: Ee Grad manner heize géing schonn ëm déi 6 Prozent manner an der Consommatioun ausmaachen. Dowéinst ass net dee ganze vum Staat virgesinne Budget verbraucht ginn, an och fir dëst Joer weist den Energieminister Claude Turmes sech optimistesch. Sou geet een am Energieministère dervun aus, dass d’Enveloppe vun 390 Millioune fir d’Subventioun vum Gaspräis net ganz gebraucht géing ginn.
Et misst een awer weider oppassen, warnt de Claude Simon, Direkter vum Departement Energy Sales vun der Enovos. Schliisslech wier nach ëmmer Krich an Europa, a schonn nëmmen en technesche Problem kéint dozou féieren, dass erëm manner Gas ukënnt. Wann ee mat engem richteg kale Wanter konfrontéiert wier, kéint et och zu Enkpäss kommen.
De Gaspräisdeckel gëllt nach bis 2024. Lëtzebuerg wëll grad wéi ganz Europa säi Verbrauch dëst Joer rëm ëm 15% drécken.