
Kuerz hannert dem Potaaschbierg a Richtung Fluessweiler waren an enger Lénkskéier zwee Gefierer frontal aneneegerannt. D'Kollisioun war esou staark, dass béid Gefierer an de Rampli geschleidert goufen. De Chauffer aus engem vun den Autoe gouf ageklemmt, an huet mussen aus dem Gefier geschnidde ginn.
Wéi de CGDIS mellt, goufen 2 Persoune beim Accident blesséiert a koumen an d'Stad an d'Klinik. Op der Plaz waren d'Ambulanze vu Mäertert a Jonglënster, de SAMU Centre, grad ewéi d'Asazzentere vu Fluessweiler a Gréiwemaacher-Mäertert.
D'Streck war wärend de Rettungsaarbechte komplett fir den Trafic gespaart. Géint 8.45 Auer ass d'Strooss nees fir de Verkéier opgemaach ginn.