
E Bauer hat d'Granat wärend der Aarbecht op sengem Feld entdeckt, dat tëscht Ierpeldeng bei Wolz an Déierbech.
Well d'Sprengung vum Krichsmaterial op der Plaz misst duerchgefouert ginn, gouf d'Géigend ronderëm groussraimeg ofgespaart.

D'Iwwerreschter goufen no der Sprengung agesammelt, d'Ofspärung gouf dono opgehuewen.