
D'Faillitten hunn zu Lëtzebuerg bannent dem éischten Hallefjoer e Krack zougeluecht: bannent Januar a Juni hunn dëst Joer 650 Entreprisë Faillite gemaach, dat ass eng Hausse vu 14% par Rapport zum selwechten Zäitraum zejoert. Dës Chiffere mellt e Mëttwoch Kreditreform.
Déi meescht vun de 650 Faillitte concernéiere Betriber, déi ewell zanter 5 Joer bestinn. Déi meescht Betriber, déi hu missten ophalen, kommen aus dem Service-Secteur, am Bau hunn d'lescht 6 Méint 68 Firme Faillite gemaach, dat war och fir 66 Horeca-Entreprisen de Fall.
Grouss Firmen, déi hu missten Dosende Leit entloossen, wëll se insolvent goufen, sinn Socoma Constructions vum Briddel, Solartec vu Maacher oder och Bigor vu Lenneng.
Creditreform schreift awer och, datt d'staatlech Subventioune gehollef hätten, datt vill Firmen net hu missten d'Faillite deklaréieren an domat gerett goufen. D'Effekter vun der Pandemie wiere retardéiert a géifen sech wuel nach iwwert déi nächste Méint bemierkbar maachen.