Rettungshelikopter am AsazTëscht Wolwen a Pärel sinn zwee Autoe frontal anenee gerannt

RTL Lëtzebuerg
E schroen Accident gouf et en Donneschdeg géint 15 Auer op der Streck tëscht Wolwen a Pärel.
© RTL-Archiv

De CGDIS schreift am Bulletin, dass zwee Autoen hei frontal anenee gerannt wieren. Dräi Persoune goufe verwonnt.

Op der Plaz waren zwou Ambulanze vu Réiden an eng vu Wolz, d’Pompjeeë vu Rammerech a Réiden, grad ewéi de Rettungshelikopter.

Back to Top
CIM LOGO