Déi geplangte Stengeforter Struktur fir Flüchtlingen beweegt net nëmmen d'Gemidder vun Awunner, déi sech an enger Biergerinitiativ zesummegeschloss hunn, mä de Sujet huet och den zoustännege Minister an de Buergermeeschter vun der Gemeng interpelléiert.
De François Bausch an de Jean-Marie Wirth hu sech déi lescht Deeg Reproche gemaach.
An hirem Sträit ëm eng Struktur fir Refugiéen zu Stengefort si sech de Buergermeeschter vun do an den Nohaltegkeetsminister en Donneschdeg an der Mëttesstonn an engem Face-à-face op eiser Antenn net wierklech méi no komm. De François Bausch huet dem Jean-Marie Wirth dobäi e bewosst Duercherneegeheie vun de Faite virgehäit an erkläert, der Gemeng am Oktober matgedeelt ze hunn, dass d’Regierung d’Accord wär mat enger gemëschter Struktur fir 100 Leit.
De Stengeforter Buergermeeschter huet betount, dass een hëllefe wëll: "Huelt e Flächennotzungsplang, an da riichte mer dat op!", war eng Ausso an deem Kontext. Et wär net néideg, eng gemëscht Struktur ze maachen, wann eng national Noutwendegkeet virléich, sou de Jean-Marie Wirth, fir deen d’Regierung ze decidéieren hätt, wat se wéilt dohi maachen.

LINK: Bausch enttäuscht, Wirth wiert sech géint Uschëllegungen