KloertextThema: Wie steiert d’Entwécklung vun der Stad?

RTL Lëtzebuerg
Eng vun de leschte Librairien an der Stad soll zougoen an d’Diskussioun ronderëm d'Entwécklung vun der Stad ass relancéiert.
VIDEO: Kloertext: Wie steiert d’Entwécklung vun der Stad ?
Kloertext: D’Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d’Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.

Et gëtt nëmme méi Luxusmarken oder bëlleg Franchisen an der Stad, stëmmt dat? Soll eleng de Marché bestëmmen? ? Héich Loyere maachen d’Wunnen an d’Handel ëmmer méi schwéier! Wéi soll d’Politik bei der Entwécklung vun der Stad agräifen a wat braucht et, dass d’Stad attraktiv ass an d’Bierger sech wuel fillen?

INVITÉEN AM IWWERBLÉCK

Lydie Polfer

DP-Buergermeeschtesch Stad Lëtzebuerg

Deputéiert

© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg

Serge Wilmes

CSV-Spëtzekandidat Stad Lëtzebuerg

Deputéierten

© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg

Guy Foetz

Gemengeconseiller Stad Lëtzebuerg

Déi Lénk

© Guy Foetz

Thierry Nothum

Fréieren Direkter Confédération de Commerce CLC

Consultant

© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg

Gabriel Boisanté

Geschäftsmann a Restaurateur

LSAP-Kandidat fir d’Gemengewahlen

© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d’App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d’Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.

Back to Top
CIM LOGO