Inneministère"Tiny Houses" sollen eng koherent Reglementatioun kréien

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg hu sech d'Inneministesch Taina Bofferding a Vertrieder vum Syvicol getraff.
© RTL-Archiv

Dobäi huet d’Inneministesch dem Syvicol d’Leedlinne fir eng nei Reglementatioun fir sougenannten “Tiny Houses” an anere liichte Wunnkonstruktioune presentéiert, déi si de Gemenge proposéiere wëll. Dobäi hätte béid Säite festgehalen, datt et bei all neier Reglementatioun an deem Beräich wichteg wier, dorop opzepassen, wéi een Effekt se op den Niveau de Vie kéint hunn. Méiglechen Abus misst vu vir era verhënnert ginn.

Och den neien e-MINT-System, mat deem den Inneministère d’Kommunikatioun tëscht de Gemengen an de Verwaltunge vereinfache wëll, stoung en Donneschdeg um Ordre du jour.

PDF: Communiqué Tiny houses

Back to Top
CIM LOGO