Am Januar huet d'EU-Kommissioun hire "Paquet Service" presentéiert. An deem Pak stinn ënnert anerem Proposen, déi d'national Reglementatiounen am Beräich vun den Déngschtleeschtunge soll harmoniséieren, fir esou de Bannemaart ze stimuléieren. Den Tom Wirion, Generaldirekter vun der Handwierkerkummer fäert awer, datt duerch des Harmoniséierung, den Niveau, bei der Formatioun zum Beispill, erofgeet, wéi hien um Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview erkläert huet.
An eng streng Reglementatioun an der Formatioun géif natierlech och dem Client zegutt kommen, sou den Tom Wirion weider.
Den Invité vun der Redaktioun huet och ënnerstrach, datt de Bannemaart zu Lëtzebuerg gutt géif fonctionnéieren, nieft den 3.500 etabléierte Betriber kommen der eng 6.000 pro Joer aus dem Ausland, déi hir Servicer hei ubidden.
Däitschland an Éisträich hu sech scho géint de Pak gewiert, Lëtzebuerg awer nach net. Dem Tom Wirion seet awer, datt nach deementspriechend Diskussioune mat der Regierung géinge lafen.
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie géint 10 op 8 war de Generaldirekter vun der Chambre des Métiers Tom Wirion.