Memorial DayTraditionell Gedenk-Zeremonie um US-Militär-Kierfecht zu Hamm

RTL Lëtzebuerg
De leschte Méindeg am Mount Mee gedenken d'Amerikaner all deenen, déi hiert Liewen am Déngscht vun der Natioun gelooss hunn.
Traditionell Gedenk-Zeremonie um US-Militär-Kierfecht Hamm
Vill amerikanesch Famillje waren op der Plaz fir de 5.075 Zaldoten ze gedenken, déi hei zu Hamm begruewe sinn.

Zanter de 50er gëtt de Memorial Day och hei zu Lëtzebuerg gefeiert. E Samschdeg de Mëtteg war déi offiziell Zeremonie um Zaldotekierfecht zu Hamm.

Vill Famillje waren op der Plaz fir de 5.075 Zaldoten ze gedenken, déi do begruewe sinn. Den amerikaneschen Ambassadeur Thomas Barret war dëst Joer eng éischte Kéier dobäi an huet och un d’Affer vum Ukrain-Krich geduecht. “Et ass eng erschreckend Erënnerung, datt mir weider fir déi Wäerter musse kämpfen, déi mir valoriséieren”, huet hien erkläert. “Ech hätt viru 4 Méint net geduecht, datt dat, wat 1944 geschitt ass, haut nach an Europa kéint geschéien. Mee et geschitt.”

Zäitzeien aus dem zweete Weltkrich an hir Temoignagë ginn eis haut e wichtegen Abléck an d’Grujelegkeete vun deemools. Fir d’Kanner an der Ukrain ass dëst den Ament den Alldag. “Et muss ee sech virstellen, datt an der Ukrain – zu Butscha, Luhansk, Mariupol – datt d’Kanner do an 80 Joer vun der brutaler Invasioun vu Russland wäerten erzielen”, erkläert den Ambassadeur. “Si wäerten erklären, wou d’Bommen erofkomm sinn. Et ass dat, wat si wäerte verhalen.”

Eng 71.000 Zaldote wiere bis haut net identifizéiert. D’Defense POW/MIA Accounting Agency (DPAA) sicht weider a konnt viru Kuerzem den Zaldot James Wright no 77 Joer zeréck bei seng Famill bréngen.

Um Enn vun der Zeremonie haten d’Gäscht dann d’Méiglechkeet fir e Kranz néierzeleeën.

An Amerika ass de Memorial Day en offizielle Feierdag, dee ëmmer op de leschte Méindeg am Mee fält. Si gedenken den Doudegen deemno an 2 Deeg.

Back to Top
CIM LOGO