Empfaange goufen d'Buergermeeschteren an d'Buergermeeschteschen um 17 Auer bei der Haaptentrée vun der Fouer, vu wou aus et dann op eng Visitt vun der Fouer goun.
Vun 19 bis 22 Auer konnt ee sech da vun de Buergermeeschteren aus 55 Lëtzebuerger Gemengen an de Restauranten zerwéiere loossen. D'Pai, déi d'Buergermeeschteren deen Owend vun de Foraine fir hir Aarbecht kréien, geet un d'Lëtzebuerger Rout Kräiz.
De Buergermeeschterdag op der Fouer (29.8.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Andréck vum Buergermeeschterdag op der Fouer (29.8.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wie sech dann nom Buergermeeschterdag nach weider amuséiere wollt, ass am Stall op seng Käschte komm. Hei ass ënner anerem den Oli P. opgetrueden.
Am Stall: Oli P., Simply 2, Hoffi-Zambezi, Dany Gold (29.8.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
An och soss hat d'Fouer nees genuch fir Grouss a Kleng ze bidden.
D'Schueberfouer 2023 (29.8.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
PDF: Lëscht vun de Buergermeeschteren, déi sech fir de Buergermeeschterdag ugemellt haten.