Mat dobäi waren och déi ierfgroussherzoglech Koppel, de Prënz Félix a seng Fra d’Prinzessin Claire mat hire Kanner, der Prinzessin Amalia an dem Prënz Liam, esou wéi de Prënz Louis an de Prënz Sébastien. De Kardinol Jean-Claude Hollerich huet d’Vertrieder vun den anere Reliounen a Kulten an der Kathedral wëllkomm geheescht. An senger Priedegt huet de Kardinol ënnerstrach, dass d’Gerechtegkeet eng universal Valeur ass, déi fir déi Äermsten an der Gesellschaft soll gëllen.
Hie géing begréissen, dass d’Europäesch Unioun eng kloer Haltung géintiwwer der Migratioun hätt, dass een no laangem Gestreits tëscht de Länner no Kompromësser géing sichen, fir Leit a Nout opzehuelen.
Ma d’Kompromësser dierften net op d’Käschte vun deenen Schwächste gemaach ginn. En Extrait aus der Priedegt vum Kardinol Jean-Claude Hollerich:
Respekt an Toleranz wieren déi Wäerter, déi fir eng Gesellschaft onbedéngt noutwenneg sinn, esou de Vertrieder vun der muslimescher Communautéit zu Lëtzebuerg. Fir dat ëmzesetzen, hätte mir hei am Land all eng Verantwortung.
“Mir hunn all en aneren Hannergrond, ma dowéinst wier et besonnesch wichteg, eis ze respektéieren”, esou de Vertrieder vun der muslimescher Communautéit, den Hilmija Redžić.
An der Kathedral waren dann och Gebieter vun der Jüddescher Communautéit an der Protestantescher Kierch ze héieren.
De feierlechen Te Deum ass vun der “Maîtrise Sainte-Cécile de la cathédrale Notre-Dame de Luxembourg” ënnert der Leedung vum Marc Dostert gesonge ginn. De Paul Breisch war un der Uergel ze héieren. An déi traditionell Sonnerie Nationale ass vum Trompetten-Ensemble vun der Militärmusek gespillt ginn.