
En Donneschdeg de Mëtteg kuerz virun 12 Auer, gouf eng Camionnette vun der Marque "Fiat" Talento tëscht dem Heischtergronn an der Boukelsermille vun engem Trakter vun der Mark Fendt gesträift, woubäi de rietse Spigel vum Auto futti gaangen ass.
D'Camionnette wollt den Trakter iwwerhuelen, aus iergendengem Grond ass den dunn awer wärend dem Iwwerhuelmanöver op déi lénk Stroossesäit gefuer an huet mat enger Stréibott d'Camionnette gesträift. Fir Schlëmmeres ze verhënneren ass de Chauffeur nach an de Summerwee gefuer.
Den Trakter ass viru gefuer a konnt net méi fonnt ginn. De Chauffeur vum Trakter oder eventuell Zeie sollen sech bei der Police vun Dikrech mellen.