Plaz nei ausgeschriwwenTresorsdirektesch aus Finanzministère huet demissionéiert
Den Radio 100,7 mellt Demissioun vun enger héijer Beamtin am Finanzministère. D'Isabelle Goubin geet aus private Grënn, esou heescht et.
Verëffentlecht: 30.04.19 11:17, Update: 11.12.25 07:33
Si huet am Ministère eng wichteg Roll gespillt, dat als Direktesch vum Tresor, Presidentin vun der Finanz-Iwwerwaachungskommissioun CSSF a Presidentin vum Commissariat aux Assurances.
D'Plaz vum Tresorsdirekter am Finanzministère gëtt ausgeschriwwen.