Juristesche Sträit mam EducatiounsministerTribunal administratif: Mann soll erëm dierfe schaffe goen

RTL Lëtzebuerg
A sengem juristesche Sträit mam Educatiounsminister huet e Mann an 1. Instanz um Verwaltungsgeriicht Recht kritt.
© AFP

Den Tribunal administratif huet säi Recours géint eng Decisioun vun der Pensiounskommissioun vu September 2017 nämlech als justifizéiert ugesinn.

Déi hat de Mann sengerzäit als net amstand ugesinn, fir kënne weider ze schaffen, nees unzefänke mat schaffen oder anescht beschäftegt ze ginn. Aus Gesondheetsgrënn sollt de Mann an d'Pensioun geschéckt ginn. Dem Geriicht no ass de Mann awer wuel amstand, fir nees ganzdaags ze schaffen. Deemno misst den Dossier zréckgoe bei de Minister an de Staat fir d'Fraisen opkommen.

Verwaltungsgeriicht/Reportage Eric Ewald

Am Januar 2017 hat de Claude Meisch de Kontrolldokter saiséiert, deen am Juli vun deem Joer der Pensiounskommissioun den Dossier vum Mann an e Rapport iwwer säi Gesondheetszoustand geschéckt hat. Deem Rapport no wär de Mann net méi capabel, fir seng Funktioun auszefëllen an et wär keng substanziell klinesch Verbesserung z'erwaarden, dat no engem Joer Behandlung.

De Mann wéilt awer weiderschaffen, fir 5/6el vun der Pensioun ze kréien, wär awer net méi dozou amstand. D'Pensiounskommissioun hat dunn eben am September 2017 decidéiert, dass de Mann net amstand wär, fir kënne weiderzeschaffen, nees unzefänke mat schaffen oder anescht beschäftegt ze ginn, soudass hien d'Invaliderent kréie sollt.

De Mann war am Oktober vun deem Joer op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Am November zejoert hat den Tribunal administratif entscheet, dass de Recours recevabel wär, virum Hannergrond vun ënnerschiddlechen Dokteschrapporten zum Mann sengem Gesondheetszoustand awer eng weider Expertise gefrot. Déi gouf am Januar elo virgeluecht. Dora steet, dass sech dem Mann säi Gesondheetszoustand zanter Juli 2017 staark verbessert hätt, de Mann hätt ënnert anerem bal 20kg ofgeholl a géif net méi fëmmen, soudass hien "dans les meilleurs délais" nees op seng al Plaz zréckkomme kéint. D'Decisioun vun der Pensiounskommissioun vu September 2017 wär deemno ze reforméieren.

Den Tribunal administratif huet déi Konklusiounen iwwerholl a festgehalen, dass de Mann deemno amstand wär, fir ganzdaags op seng Plaz zréckzekommen. De Mann hätt awer keng Indemnité de procédure vun 2.000 an de Staat keng vu 1.500 Euro zegutt.

Back to Top
CIM LOGO