
En Donneschdeg eleng wier et op dräi ënnerschiddleche Plazen am Land zu Arnaquen, bei deenen d'Täter allkéiers op eng änlech Aart a Weis virgaange sinn. Gemellt goufen ënner anerem Fäll an der Izeger Strooss zu Sandweiler, der Nordstrooss zu Helsem an an der Fielser Strooss zu Iernzen.
D'Täter géinge sech dobäi als Pak-Livreuren ausginn a gréisstendeels bei eelere Persoune schellen, deene géigeniwwer se behaapten, e Pak zoustellen ze wëllen. Fir de Pak z'iwwerginn, missten allerdéngs Fraise bezuelt ginn, wouropshin d'Affer hir Bankkaart géint e Liesgerät vun den Täter halen an hir PIN aginn. D'Täter géifen doropshin d'Bankkaart onbemierkt géint eng aner austauschen, déi änlech ausgesäit, wat den Affer net direkt opfält. Mat der geklauter Kaart gëtt da Boergeld opgehuewen oder Paiemente gemaach.
Wie vun esou engem Bedruch Affer gouf, soll sech bei sengem lokale Policebüro mellen. D'Police mécht an deem Kontext de Rappell, nimools seng Bankaart aus der Hand ze ginn an e Bezuel-Virgang bei Zweiwel direkt ofzebriechen. Och sollt een eeler Persounen a sengem Ëmfeld informéieren a sensibiliséieren.
En Donneschdeg am Nomëtteg, géint 16:10 Auer, koum et dann och nach zu Abréch a Firmeween vun engem Betrib an der Strawelerstrooss zu Huldang bei deem an insgesamt dräi Gefierer agebrach gouf an Aarbechtsgeräter geklaut goufen. Eng Enquête gouf lancéiert.