Wéi op ville Bilans-Presentatiounen huet et och en Donneschdeg beim Energiekonzern Encevo geheescht, dass 2022 ee Joer mat villen Onsécherheete war.
Hannergrond war virop déi russesch Invasioun an der Ukrain, wat d’Präisser vun der Energie an d’Luucht gedriwwen huet.
Encevo, d’Mammenhaus vu Creos an Enovos, huet d’Evolutioun vun de Präisser am Grousshandel net 1 zu 1 un d’Clientë weiderginn. Virop beim Gas. Dobäi kënnt de Präisdeckel, deen an der Tripartite decidéiert gouf an d’Präisser bei der Energie mëttelfristeg stabel hält.
D’Fro un de Generaldirekter vun Encevo, Claude Seywert, war et, wéini de Präis vu virop dem Gas nees ënnert dem Präisdeckel géif leien:
“Ech ka leider haut net soen, wéini mir erëm drënner falen... 2023 éischter net. Wat da geschitt, musse mir kucken. Et ass och déi grouss Incertitude vum nächste Wanter: Ginn d’Präisser nach eng Kéier an d’Luucht, wat geschitt an der Ukrain, wat geschitt an der Ekonomie weltwäit, wat geschitt mat den Temperature vum nächste Wanter...? Alles dat sinn Inconnuen, déi haut schwéier previsibel sinn.”
Grad wéi 2022 ass och dëst Joer ee Joer mat enger Portioun Onsécherheeten.
Den Nettogewënn louch zejoert bei gutt 107 Milliounen Euro. 2021 waren et knapp 80 Milliounen. Dernieft waren et Rekord-Investitioune vun 272 Milliounen Euro, virop am Beräich vun den erneierbaren Energien an de Stroum-Reseauen. Déi energeetesch Transitioun bleift bei Encevo Prioritéit.
D’Investissementer goufen héich gehalen, och um Niveau vun den erneierbaren Energien an dem Reseau fir Elektresch.
An dee Wee wëll ee weider goen esou de Generaldirekter Claude Seywert.
“Eise Programme d’Investissement iwwer déi nächst 3 Joer, also 2023-25, gesäit iwwer eng Milliard (Euro) vir. Dovunner sinn der ronn 240 an erneierbar Energien, dat heescht Photovoltaïque an e bësse Wandkraaft. An dann de groussen Deel, ronn 740 Milliounen an d’Netzer”.... an dat mam Ausbau vun de Stroumnetzer heiheem oder nach d’Ubannen un Däitschland beim Reseau fir ganz héich Spannung. Och d’Entwécklung am Beräich Waasserstoff wëll een am Aen behalen.
Et geet ee konsequent de Wee mat a Saachen aus de fossillen Energien erausklammen Richtung erneierbar Energien, Electrificatioun vun der Wirtschaft an och der Mobilitéit.
Et ginn antëscht wäit iwwer 600 Opluetstatiounen am Land. Do hounge bannent engem Joer duebel esouvill Gefierer drun.