Op Ouschtersonndeg ass ee vun der gréisste Klassiker vun der Saison gefuer ginn: Den Tour des Flandres. D’Streck ass vun Antwerpen bis op Oudenaarde gaangen. No 278,2 Kilometer ass den Tadej Pogacar (UAE Team Emirates-XRG) bei der 110. Editioun als Éischten iwwert de wäisse Stréch gefuer. D’Plazen 2 a 3 si fir den Mathieu van der Poel (Alpecin-Premier Tech) an de Remco Evenepoel (Red Bull - BORA - hansgrohe). De Lëtzebuerger Arthur Kluckers ass d’Course net op en Enn gefuer.
No 2023 an 2025 gewënnt den Tadej Pogacar deemno fir eng drëtte Kéier a senger Karriär de Tour des Flandres an zitt mat 3 Victoirë mam Mathieu van der Poel Gläich. Bis ewell ass et kengem Cyclist gelongen den Tour des Flandres 4 mol ze gewannen.
Aus Lëtzebuerger Siicht stoung mam Arthur Kluckers just e Coureur aus dem Grand Duché um Depart. De Coureur vum Team Tudor, hat bei senger zweeter Participatioun 105 Kilometer virun der Arrivée e Problem mam Vëlo, ass doropshin ze weit vun der Strooss ofkomm an ass an de Gruef gefall. De Lëtzebuerger Champion vun der Ekipp Tudor Pro Cycling Team huet missen op den Auto waarden an ass dohier dem Peloton hannen dru gefuer. Kuerz dorop ass de Lëtzebuerger vum Suedel geklommen.
Kuerz dorop ass d’Course am Molenberg esou richteg lancéiert ginn. Ënnert dem Impuls vum Nils Politt (UAE Team Emirates-XRG) ass de Peloton a seng Eenzeldeeler ausernee gezu ginn an et huet sech e Grupp mat all de Favoritten gebilt, mat ënnert anerem den Tadej Pogačar, Mathieu van der Poel, Wout van Aert, Mads Pedersen oder och de Remco Evenepoel dee fir d’éischte Kéier den Tour des Flandres mat gefuer ass. Zu dësem Zäitpunkt waren d’Wiederkonditiounen och net déi einfachst. Mol huet d’Sonn geschenkt, mol huet et a Stréime gereent.
57 Kilometer virun der Arrivée huet de Tadej Pogacar an der 2 Kilometer laanger Oude Kwaremont attackéiert. Dobäi konnten an enger éischter Phase just de Remco Evenepoel, Mathieu van der Poel an de Wout van Aert mam Weltmeeschter matgoen. Kuerz dorop huet de van Aert vum Team Visma Lease a Bike misse lass loossen. Och den Evenepoel huet en Tick méi spéit dat hënnescht Rad vum Pogacar a van der Poel verluer an ass wärend relativ laanger Zäit mat konstanten 15 Sekonnen hannert dem Spëtzenduo gefuer.
20 Kilometer viru Schluss ass dem Belsch säi Réckstand op 25 Sekonnen ugewuess, soumat d’Entscheedung tëscht dem van der Poel an dem Pogacar fale misst. Bei der drëtter Passage vum Kwaremont huet de Pogacar sech vum van der Poel konnten ofsetzen an huet 17 Kilometer viru Schluss fir eng d’Virentscheedung gesuergt. Op de leschte Kilometer sollt sech un der Spëtzt näischt méi doen, sou dass de Slowen de Klassiker Tour des Flandres fir eng drëtte Kéier gewanne konnt.
Nächste Sonndeg steet mat Paris-Roubaix deen nächste grousse Klassiker um Programm. Leeft alles no Plang, wäert den Arthur Kluckers och hei um Depart stoen.
1 Pogačar Tadej UAE Team Emirates – XRG 6:20:07
2 Van der Poel Mathieu Alpecin-Premier Tech 0:34
3 Evenepoel Remco Red Bull - BORA – Hansgrohe 1:11
4 Van Aert Wout Team Visma | Lease a Bike 2:04
5 Pedersen Mads Lidl – Trek 2:48
6 Stuyven Jasper Soudal Quick-Step 4:28
7 Vermeersch Florian UAE Team Emirates – XRG ,,
8 Mohorič Matej Bahrain – Victorious 4:30
9 Laporte Christophe Team Visma | Lease a Bike 5:22
10 Vermeersch Gianni Red Bull - BORA – hansgrohe ,,